D’Duerffest zu Mierschent gëtt ëmmer begleet vun engemRallye pédestre ronderëm eist schéint Dierfchen. Equipen, Groussewéi Kleng mussen op engem Parcours Froe beäntweren averschidde Spiller bewältegen. Duerno gin dann di beschtenEquipen belount. De ganzen Dag iwwer ass Animatioun beim Festsall.